
Den 52 Joer ale Mann huet Eisenoxid an Aluminiumpolver zesummen ugefaangen an d’Gitter ënner Stroum gesat, fir de Metall ze schmëlzen. D’Material, dat fir esou eng chemesch Reaktioun gebraucht gëtt, wier an der Anstalt net verbueden, sou de Spriecher vun der Berliner JVA (Berliner Justizvollzugsanstalt).
Mat Bettgezei huet de Mann du probéiert, aus dem 3. Stack un der Fassad erof ze klammen... allerdéngs net onbemierkt. D’Mataarbechter hunn de Gefaangene bei senger Flucht erbléckst an direkt agegraff. Widderstand huet de Prisonéier net geleescht.
Wéi et vum Spriecher vun der Institutioun heescht, wär den Ausbroch sou oder sou net gelongen, och wa kee vun de Mataarbechter de sougenannte “Maskenmann” op frëscher Dot ertappt hätt.