
Um Ufank vun der Corona-Pandemie gouf jidderengem geroden, a säin Heemechtsland zeréckzegoen. Fir vill Emigranten ass d’Doheem awer am Ausland. Innerhalb vum Schengenraum ass dat kee Problem. Wunnt een awer an engem Land, wou een e Visa brauch a just en temporäre Status huet, kann dat méi komplizéiert sinn.
Zanter Kanada virun engem Mount d’Grenze fir Auslänner zougemaach huet, froe sech déi meescht auslännesch Studenten, wéi et fir si weider geet. Zu deem Zäitpunkt konnten all déi, wou den Ament am Ausland waren net méi areesen. Dat obwuel si hire Liewensmëttelpunkt, also Studium, Aarbecht a Frënn a Kanada hunn. Mëttlerweil gouf dëst geännert a jidderee mat bestoendem Studenten- oder Aarbechtsvisa dierf areesen.
Dëst ass awer net den eenzege Problem vun den auslännesche Studenten a Kanada. Si ginn an der Corona-Kris heefeg vergiess. Kee fillt sech fir si zoustänneg, weder Kanada, nach hiert Heemechtsland. Schliisslech war et hir eegen Entscheedung am Ausland ze studéieren. Eng Kris wéi dës ass awer net virauszegesinn a bréngt vill Schwieregkeete fir Auslänner mat sech.
D’Studentenheemer um Campus hunn hire Bewunner geroden, ze plënneren, well do ze vill Persounen op enkem Raum zesumme wunnen a vill Espacen deelen.
Zanter esou zimmlech alles zou ass, hunn déi meescht hire Studentenjob verluer, mat deem si hire Studium finanzéieren. Dobäi kënnt, dass Auslänner bis elo kee Recht op staatlech Hëllef am Kanada haten. Eréischt zanter nächster Woch solle si Zougrëff op staatlech Noutfonge kréien.
En zousätzleche Problem kënnt op déi zou, déi hire Studium net wéi geplangt kënnen ofschléissen. Bei verschiddene leeft de Visa elo am Summer of a si verléieren hire legale Status am Land.
Jee nodeems wou ee grad am Liewe steet, huet jidderee mat anere Problemer wärend der Kris ze kämpfen. Fir d’auslännesch Studenten a Kanada sinn et d‘Finanzen, d’Plënnere wärend der Kris, zouen Unien an oflafend Pabeieren.
