Zwee Verdächteger festgehollProcureur erschoss, dee wéinst Geiselnam am Ecuador ermëttelt huet

RTL Lëtzebuerg
De Procureur Suárez gouf e Mëttwoch zu Guayaquil a sengem Auto erschoss. Wéi d'Police am Laf vum Donneschdeg mellt, goufen zwee Verdächteger festgeholl.
Den Auto vum César Suárez.
Den Auto vum César Suárez.
© Stringer / AFP

E Mëttwoch gouf et eng weider Eskalatioun am brutale Muechtkampf tëscht den Drogebanden an der ecuadorianescher Regierung. De mat den Ermëttlungen zu der Geiselnam am Ecuador beoptraagte Procureur César Suárez gouf an der Hafestad Guayaquil a sengem Auto erschoss.

Am Laf vum Donneschdeg huet de Chef vun der ecuadorianescher Police matgedeelt, datt zwee Verdächteger festgeholl gi wieren, “déi un der Ermordung vum Procureur César Suárez bedeelegt waren”. Wärend den Ermëttlungen hätt een déi zwee kënnen identifizéieren an unhand vun Objete wéi e Gewier, zwou Pistoulen, Munitioun an zwee Autoen hir Schold beweisen.

“D’Bande vun der organiséierter Kriminalitéit, d’Verbriecher, d’Terroristen” géinge mat esou Doten d’Justiz net vun hirer Aarbecht ofhalen, huet d’Procureur générale, d’Diana Salazar, als Reaktioun op d’Ermordung betount. Och de Verdeedegungsminister Gian Carlo Loffredo huet nach emol kloer gemaach, datt d’Regierung “all Form vu Gewalt” ofleent an d’Justiz weider ënnerstëtzt.

Nodeems den 9. Januar arméiert a maskéiert Männer wärend enger Live-Sendung an e Studio vun der staatlecher Tëleeschaîne TC gestiermt sinn a Geisele geholl hunn, gouf de Procureur César Suárez domat beoptraagt, erauszefannen, wéi eng Band hannert der Attack steet.

RTL-News: Gewalt eskaléiert: Op d’mannst 10 Doudeger am Ecuador - Arméierter haten Tëleesstudio gestiermt

Back to Top
CIM LOGO