
Wéinst der Coronavirus-Pandemie gouf a Mexiko de Gesondheetsnoutstand ausgeruff, deemno ginn all net noutwenneg Aktivitéite gestoppt. D’Béier-Produktioun fält an dës Kategorie.
Sollt d’Regierung Béier awer nach als agroindustrielle Produit astufen, kéint d’Produktioun nees weidergoen. D’Produzéiere vu Liewensmëttel a landwirtschaftleche Produiten ass a Mexiko trotz Corona-Kris erlaabt.
