
Mat Masseprotester a Streikaktiounen wiere sech d’Leit am US-Bundesstaat Minnesota géint déi ëmstridden Asätz vun der amerikanescher Immigratiounsunitéit ICE. Dausende Leit ware fir e koordinéierten Aktiounsdag op der Strooss. Studenten a Schüler sinn net an d’Schoul gaangen, Leit net op d’Aarbecht. Honnerte Geschäfter waren zou bliwwen. Vill vun de Leit hätten entretemps Angscht, virun d’Dier ze goen, heescht et vun der Plaz.

Bei Temperaturen vu bis zu minus 22 Grad hunn d’Manifestatioune gefuerdert, datt d’ICE ofgezunn an den Dout vun enger 37 Joer aler Demonstrantin onofhängeg ënnersicht gëtt, déi Uganks des Mounts zu Minneapolis an hirem Auto vun engem Beamten erschoss gi war.
Dës Woch huet donieft d’Arrestatioun vun engem Jong vu grad mol 5 Joer fir Opreegung gesuergt, dee vun engem ICE-Beamten um Rucksak festgehale ginn ass. D’Biller hate séier den Tour gemaach. De Bouf aus dem Ecuador wier zesumme mat sengem Papp, Informatiounen vun der Spillschoul no, bei sech doheem an der Afaart vum Haus verhaft ginn. Duerno hätten d’Beamten de Jong als “Köder” agesat, heescht et, fir nach weider Leit aus hiren Haiser ze lackelen.
De Buergermeeschter vu Minneapolis Jacob Frey ass och net erfreet iwwert déi rezent Asätz vun ICE, an ënnerstëtzt d’Demonstranten. Éischte Butt wier et awer, zesumme mat den Autoritéite fir Sécherheet ze suergen an der Stad.
Demokratesch Politiker a Mënscherechtler kritiséieren d’Virgoensweis vun ICE ganz schaarf. Am Géigenzuch wërft de Vizepresident JD Vance de lokalen Autoritéiten e Manque un Zesummenaarbecht vir an huet d’Demonstranten als Radikaler déi stéieren bezeechent. De Ministère fir de Schutz vun der Heemecht huet erkläert, dass d’ICE-Asätz der ëffentlecher Sécherheet géingen déngen. Kritiker geheien der Administratioun vir, bei Razzie géint Biergerrechter ze verstoussen.