US-Awanderungskontrollagence ICE hëlt 5 Joer ale Jong fest

RTL Lëtzebuerg
Beamte vun der Kontrollagence fir Immigratioun ICE hu bei Minneapolis e Kand a säi Papp festgehalen. Iwwer d'Grënn gëtt et ënnerschiddlech Usiichten.
Den JD Vance huet d'Virgoe vun den ICE-Beamten erkläert
Den JD Vance huet d’Virgoe vun den ICE-Beamten erkläert
© MADISON THORN/Anadolu via AFP

E Kand a säi Papp sinn en Dënschdeg an der Afaart vun hirem Haus zu Minneapolis am US-Bundesstaat Minnesota vun ICE-Beamte festgeholl ginn, nodeems de 5 Joer ale Jong grad aus der Spillschoul heemkomm war. Mëttlerweil sinn déi Zwee an enger Ariichtung fir Famillen am Bundesstaat Texas.

De Bouf wier aus dem nach lafenden Auto vum Papp erausgeholl ginn, sot eng Spriecherin vum Schoulbezierk an deem Viruert vu Minneapolis op enger Pressekonferenz. Eng weider erwuesse Persoun aus deem Stot hätt ëmsoss gefrot, d’Kand dierfen ze betreien.

De Ministère fir Heemechtsschutz weist d’Duerstellung vum Tëschefall zréck. D’Kand hätt net am Zentrum vum ICE-Asaz gestanen, mee säi Papp, en “illegalen Auslänner” aus Ecuador, wéi de Ministère op de Soziale Medie preziséiert. Wéi d’Beamten op de Mann duerkomm waren, hat dee säi Kand am Auto zréckgelooss a war ze Fouss geflücht. Eng Duerstellung, déi och de Vizepresident JD Vance gedeelt huet. “Wat hätten d’Beamte solle maachen? De Jong am Auto erfréiere loossen?”

Den Affekot vun der Famill behaapt iwwerdeems, dass si 2024 op enger offizieller Grenz eng Demande op Asyl gemaach hätt. Bei all Schratt vum Prozess hätte si gemaach, wat vun hinne verlaangt gouf... dat ass also einfach grausam”, gëtt den Affekot vun der Washington Post zitéiert.

Et war net déi éischt Interventioun an deem Schoulbezierk. Autoritéiten no wieren an de leschten zwou Wochen op d’mannst dräi weider mannerjäreg Schüler matgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO