
Nodeems de Weekend iwwer Honnerte Leit an de verschiddene grousse Stied op d’Strooss gaange sinn, hunn d’Autoritéiten eng Suite vun den Demonstratiounen um Méindeg gréisstendeels gestoppt.
Noriichten iwwert d’Manifestatiounen oder nei Rendez-vouse fir ze protestéieren, gi vun de chineeseschen Autoritéiten aus dem Internet geläscht.
A ville Stied gouf d’Policepresenz massiv opgestockt.