
D'Protester vu Schüler a Studenten a Frankräich sinn deels mat vill Gewalt eskaléiert. E Freideg bleiwe ronn 400 Schoulen am ganze Land zou. Virun deene Gebaier däerf dann awer och net manifestéiert ginn.
Zanter dem Ufank vun de Protester goufe bal 2.000 Leit festgeholl. Iwwer 300 Polizisten a Gendaarme goufe blesséiert.
Geheimdéngschter wëllen dann och wëssen, datt d'Protestbeweegung och vum lénkse politesche Bord gesteiert gëtt, ënnert anerem och vun der "La France Insoumise".
U sech gëtt protestéiert wéinst baufällege Gebaier, Enseignanten, déi feelen a laange Schouldeeg. Studenten hate sech en Donneschdeg och de Schüler ugeschloss a sou goufe och 30 Unie blockéiert.