
Den Trump war rezent zu Atlanta am Georgia festgeholl ginn a koum dono op Kautioun fräi.
Wéi et an den US-Medien heescht, géifen d’Affekote vum Donald Trump alles drusetzen, fir de Prozess op Abrëll 2026 ze verréckelen, amplaz, wéi virgesinn, datt den Ex-US-President de 4. Mäerz 2024 viru Geriicht optauche muss. Dëst wier nämlech just e puer Méint virun de Presidentiellen an den USA.
Dëse Prozess virun engem Geriicht an der Haaptstad vun den USA ass just ee vu véier, op déi den Trump sech wäert musse virbereeden. Weider lafen nach Enquête a Verfare géint de Republikaner an den US-Stied New York, Miami an Atlanta. Den Donald Trump ass och den éischten Ex-President, dee sech wéinst méigleche Strofdote viru Geriicht veräntwere muss. Zu Washington leeft de Prozess ebe wéinst de Beméiunge vum Trump, fir d’Presidentiellen 2020 nodréiglech ze kippen.
Den Donald Trump hat jo géint den Demokrat Joe Biden verluer, gesteet seng Néierlag awer bis haut net an. Kuerz no de Walen a knapp virum Amtsuntrëtt vum Biden hat de Republikaner alles probéiert, fir dëst ze verhënneren a selwer am Amt ze bleiwen. Héichpunkt vun dëser Campagne vum Trump war d’Attack vu senge Supporter op d’US-Kapitol de 6. Januar 2021.
Mam Datum vum 4. Mäerz fänkt de Prozess just een Dag virum “Super Tuesday” un. Et ass de wichtegsten Dag vun de Virwalen, wou direkt a méi Bundesstaaten d’Leit un d’Urn trieden, fir de Vertrieder vun hirer Partei fir d’Presidentiellen ze wielen. Aktuell läit den Ex-President wäit viru senge parteiinterne Konkurrenten.
Den Trump selwer weist all d’Virwërf zeréck a seet, datt dës Prozesser an Enquêtë vu senge politesche Géigner inzenéiert ginn, fir hien dovunner ofzehalen, eng weider Kéier President vun den USA ze ginn. Experten no dierft eng Verurteelung den Trump awer reng rechtlech gesinn net drun hënneren, fir bei de Presidentiellen am November 2024 unzetrieden. Och ass aktuell nach guer net gewosst, ob bis zu deem Ament iwwerhaapt schonn en Urteel virläit, wat rechtskräfteg ass.