Schëlleg wéinst DokumentefälschungProzess géint hie war "ganz onfair", esou den Donald Trump

RTL Lëtzebuerg
Et hätt "hei kee Crime ginn" an alles wier "Standard" gewiescht, esou de fréiere President an aktuelle republikanesche Presidentschaftskandidat.
Prozess géint hie war "ganz onfair", esou den Donald Trump
Eng RTL-Korrespondenz vum Philip Crowther vun New York iwwer den Donald Trump nom Urteel.

De Prozess géint hie wier “ganz onfair” gewiescht, esou den Donald Trump e Freideg op enger Pressekonferenz am Trump Tower. “Eis war et net erlaabt, eise Wal-Expert ënnert iergendwellechen Ëmstänn ze benotzen. Dir hutt gesi wat mat enger Rei vun eisen Zeie geschitt ass, si goufe wuertwiertlech vun dësem Mann gekräizegt”, esou den Trump.

Iwwert de Juge Juan Merchan sot den Trump nach: “Hie gesäit aus wéi een Engel, mee hien ass wierklech een Däiwel.” De Prozess wier truquéiert gewiescht an all d’Demanden, déi ee gestallt hätt, wiere refuséiert ginn. Hien hätt wëllen aussoen, mä seng Affekote wieren dogéint gewiescht.

Den Donald Trump war en Donneschdeg an engem eestëmmegen Urteel an allen 34 Uklopunkte wéinst Dokumentefälschung schëlleg geschwat ginn. Eng Aschätzung dozou, wéi et elo fir den Donald Trump kéint viru goen, fannt Dir hei am Artikel.

Reaktiounen aus den USA a méiglech Auswierkungen op den Walkampf virun den US-Presidentiellen am November huet den RTL-Auslandskorrespondent Philip Crowther fir eis am Video uewe resuméiert.

Back to Top
CIM LOGO