
De russesche President Wladimir Putin ass dem Kreml-Spriecher Dmitri Peskow no prett, fir nees Gespréicher iwwert den Ukrain-Krich mam franséische President Emmanuel Macron opzehuelen. De Putin hätt “seng Bereetschaft fir en Dialog mam Macron gewisen”, sou de Peskow e Sonndeg der staatlecher Agence RIA Novosti géigeniwwer. “Wann also de politesche Wëlle vun der Géigesäit do ass, kann dat nëmme positiv bewäert ginn”, sou Russland weider.
Den Emmanuel Macron hat e Freideg gesot, et géif “an eisem Interessi als Europäer an Ukrainer” leien, d’Gespréicher mam Putin iwwert en Enn vum Krich nees ze lancéieren. D’Staats- a Regierungscheffe vun der EU hate sech e Freideg bei hirem Sommet drop gëeenegt, der Ukrain e Kredit an Héich vun 90 Milliarden Euro z’accordéieren. Et konnt sech allerdéngs net drop gëeenegt ginn, agefruere russesch Gelder fir d’Finanzéierung ze notzen.