E grousst Thema war dobäi natierlech och de Krich an der Ukrain. Direkt am Ufank vun der Pressekonferenz, déi op der russescher Tëlee diffuséiert gouf, huet de Wladimir Putin kloer gestallt, datt d’Ukrain de Krich selwer “entfesselt” hätt, nodeems am Joer 2022 “alles um Ofgrond” gestanen hätt. “An och elo wëlle si de Krich net friddlech bäileeën”, sou de russesche President weider.
Op der Pressekonferenz, déi e puer Stonne gedauert huet, gouf ëmmer nees iwwert d’Ukrain an e méiglechen Enn vum Krich geschwat. De “Ball” géif aktuell beim Westen an och bei Kiew leien, fir de Krich op en Enn ze bréngen. Och d’Responsabilitéit fir déi vill Doudesaffer aus deene leschte knapp véier Joer, gesäit de Putin net bei sech selwer.
“Mir consideréieren eis net responsabel fir den Doud vun de Leit, well mir dëse Krich net ugefaangen hunn”
Sou de Putin weider, dee gläichzäiteg d’Fortschrëtter vun der russescher Arméi gelueft huet. All russesch Truppe géifen “op der ganzer Front avancéieren” an de “Géigner an all Richtung zréckdrécken”.
Russland géif dann och keen anert Land attackéieren, soulaang ee se “mat Respekt” behandele géif. Dës Ausso koum kuerz no der Ausso vum ukrainesche President Selenskyj, deen e Freideg de Moie behaapt huet, datt Russland am Fall vun enger ukrainescher Defaite “zwangsleefeg” als d’Nächst Polen attackéiere géif.
Menacen huet de Wladimir Putin dann och géint d’EU en vue vun enger méiglecher Notzung vun agefruere russesche Verméigen ausgeschwat. Op eng Fro iwwert d’Notzung vun dëse Verméigen huet hie vun “Déifstall” geschwat a mat “schwéiere Konsequenzen” menacéiert. An der Nuecht op e Freideg hate sech d’EU-Staaten op weider finanziell Hëllefen an Héicht vun 90 Milliarden Euro gëeenegt, déi nom Protest vun enger Rei Länner net vu russesche Verméigen, ma aus dem EU-Haushalt komme sollen.
Um Enn vun der Pressekonferenz goufen dann och méiglech Walen an der Ukrain thematiséiert. Heizou huet de Putin gesot, datt Russland d’Ofschéisse vu Laangstrecke-Rakéite fir den Dag vun de Wale stoppe géif, wann et dozou komme sollt. Et wier ee prett fir eng gewësse Sécherheet ze suergen. Nei Walen zielen zu enge vun de Fuerderungen, déi aus Moskau an och aus Washington gemaach goufen.