
Soubal en Impfstoff verfügbar ass, géifen déi allgemeng Konditioune vun der Airline entspriechend ugepasst ginn, sou de Qantas-Chef Alan Joyce e Méindeg am Interview mam australesche Sender “Nine News”. Iwwert e weidert Virgoe bei Flich bannent dem Land misst nach decidéiert ginn, mä bei Interkontinentalflich wier et kloer: “Mir wäerte vun internationale Reesende verlaangen, dass si geimpft sinn, ier mir se u Bord loossen.”
De Qantas-Chef geet eegenen Aussoen no dovun aus, dass seng Fluchgesellschaft net eleng sou decidéiere wäert, mä weltwäit änlech Reegelen agefouert ginn. “Ech denken, dat wäert eng normal Saach sinn, no de Gespréicher mat menge Kolleege vun aneren Airlines ze urteelen”. Weltwäit géife Regierungen a Fluchgesellschaften driwwer nodenken, elektronesch Impfpäss anzeféieren.
E Méindeg hat déi International Loftverkéiers-Vereenegung (Iata) ugekënnegt, dass d’Entwécklung vun engem digitalen Impfpass an der Endphas wier. De Pass kéint bei der Opzeechnung vu Corona-Tester oder Impfunge benotzt ginn, sou d’Iata.
Den australesche Gesondheetsminister Greg Hunt huet en Dënschdeg d’Ausso vum Qantas-Chef a puncto Impfflicht gedeelt, wann d’Leit net 14 Deeg a Quarantän wéilten. “Mir erwaarden, dass d’Mënschen, déi wärend der Pandemie an Australien kommen, entweder geimpft sinn oder sech isoléiere mussen”, sou de Minister. Eng “endgülteg Decisioun” géif awer nach ausstoen.
Anescht wéi déi australesch Airline wëll déi däitsch Lufthansa kee Corona-Impfnoweis vu senge Passagéier verlaangen. Eng Aféierung vun esou enger Flicht zu dësem Zäitpunkt wier net geplangt, sou e Porte-parole. Fir déi jeeweileg Viraussetzungen dierfen anzereesen wieren donieft déi regional Regierungen vun de Bundeslänner responsabel. Fir d’éischt misst een e Plang opsetzen fir d’Verdeele vun de bestallten Impfdosissen, sou bal se verfügbar sinn.
