ÉisträichQuarantän ënner anerem fir Sölden an Ischgl opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
An Éisträich gouf d'Quarantän an der Nuecht op en Donneschdeg fir ënner anerem Sölden an Ischgl opgehuewen.

Schonn en Dënschdeg hat de Landeschef vun Tirol erkläert, datt een op dëse Wee wäert goen, dat well d’Zuele vun den Infektioune villverspriechend waren. Allerdéngs misst ee weider virsiichteg sinn. Ischgl war zanter dem 13. Mäerz ënner Isolatioun, nodeems sech do vill Leit mam Coronavirus infizéiert hunn.

Vun haut un stinn deemno keng Lokalitéiten am Bundesland Tirol méi ënnert Quarantän.

Back to Top
CIM LOGO