
Informatioune vum ARD-Poltikmagazin “Report Mainz” no sollen déi 12 Verdächteger, déi sech via Telegram organiséiert hunn, Attentater op Stroumzentralen a Stroumleitunge geplangt hunn, fir esou e Stroumausfall, deen déi ganz Bundesrepublik hätt kéinten treffen, ze provozéieren. Domadder wollte si en Zoustand schafen, deen engem Biergerkrich änelt.
Dëse Chaos wollten déi Beschëllegt den Ermëttler no notzen, fir den demokratesche System an eisem Nopeschland ze stierzen an d’Regierung dono ze iwwerhuelen. Donieft war eng Aktioun, déi de Spëtznumm “Klabautermann” krut, geplangt, fir de Gesondheetsminister Karl Lauterbach ze entféieren a seng Persouneschützer “auszeschalten”.
D’Pläng vun den 12 Leit sollen an de leschten Deeg ëmmer méi konkret gi sinn, well de Grupp wollt dausende vun Euro a Waffen, Minnen a Schutzequipement investéieren. E Mëttwoch wollte si eng éischt Waffeliwwerung mat Pistoulen an enger Kalaschnikow entgéinthuelen, dat a Rheinland-Pfalz. Ma hire Kaf war eng Fal vun den Ermëttler. Esou konnten dräi Keefer verhaft ginn, déi och als Haaptbeschëllegt opgelëscht ginn. Eng weider Persoun, déi an den Ae vun den Ermëttler eng wichteg Roll spillt, ass aktuell am Ausland, fir Suen opzedreiwen. Am Laf vum Mëttwoch gouf dann nach e weidere Verdächtege verhaft. Am Total hunn d’Ermëttler 21 Haiser duerchsicht, dat a verschiddene Bundeslänner, a konnten Computer, Handyen an Späicherkaarte saiséieren.
Déi Verdächteg hate sech iwwer divers rietsextrem Telegram-Gruppen organiséiert a verschidde Memberen hunn an dëse Gruppen och ëffentlech geschriwwen, datt si Mordattentater op Politiker wéilten duerchféieren. Weider goufen Tipps, wéi ee Gëft hierstellt, oder och Informatiounen doriwwer, wéi ee Waffe keeft, ausgetosch. De Grupp soll sech awer dem “Report Mainz” no och méi dacks am reelle Liewe getraff hunn, fir hir Organisatiounsstruktur festzeleeën. Aus den Chatte konnt een de Leit hiert abstruust Weltbild erausliesen, wat vu Rietsextremismus iwwer Prepper*-Ideologie bis hin zum Ofleene vun de Coronamesurë gaangen ass.
*Prepper si Persounen, déi sech dauerhaft op de Worst-Case-Zenario virbereeden, also zum Beispill e Bunker bauen oder Liewensmëttel, Waffen an anert wichtegt Geschier fir direkt e puer Joer gelagert hunn.