WeltklimarotRapport iwwer Repercussioune vun Äerderwiermung gouf presentéiert

RTL Lëtzebuerg
De Weltklimarot huet um Mëttwoch en neie Rapport iwwer d'Ozeaner an d'Schmëlze vum Äis virgestallt. D'Previsioune sinn erschreckend an alarmant.

D’Äerderwiermung, fir déi de Mënsch responsabel ass, schiedegt d’Mierer an d’Äismassen massiv an dat huet Konsequenzen, déi een net méi ka réckgängeg maachen.

A Küsteregiounen an op Insele wäert een deels net méi kënne liewen. An an der Antarktis kéint d’Äis irreversibel onstabil ginn. Dat kéint de Mieresspigel bannent Joerhonnerten ëm e puer Meter klammen doen. Et wär nach onkloer, ob a wéini et souwäit ass, sou de Rapport vum Weltklimarot.

De Mieresspigel klëmmt dem Rapport no ëmmer méi séier, den Ament mat 3,6 Milimeter d’Joer.

A Küsteregioune bis zu 10 Meter héich wunne 680 Millioune Mënschen, op klengen Inselstaaten 65 Millioune Leit. 4 Millioune Mënsche liewen dauerhaft an der Arktis.

An de Bierger, wou Gletscher riskéieren ze schmëlzen, klëmmt de Risiko vu Lawinen. Wann d’Gletscher ganz géife verschwannen, géif dat och e Problem bedeite mat der Drénkwaasserversuergung.

Déi méi héich Bierger sinn d’Doheem vu 670 Millioune Mënschen.

Back to Top
CIM LOGO