
Et wier drëm gaangen, fir de Rapport vum Spezial-Enquêteur ze diskreditéieren.
Am Rapport geet et drëms, a wéi wäit sech Russland, zu Gonschten vum Trump, an den amerikanesche Walkampf agemëscht huet.
Wat d’Ukrain-Affär ugeet:
Do huet Representantenhaus den Affekot vum Trump opgefuerdert, Dokumenter eraus ze ginn, déi de President kéinte belaaschten.
Hannergrond ass d’Demande vum Trump un d’Ukrain, fir eng Enquête géint de Hunter Biden ze lancéieren, de Fils vu sengem politesche Géigner bei den Demokraten, Joe Biden.
D’Demokrate reprochéieren dem Trump an deem Kontext, säin Amt mëssbraucht ze hunn. Si wëllen eng Prozedur an d’Weeër leeden, fir datt den Trump muss goen, de sougenannten Impeachment.