
Éier d’Schëff den Hafe vu Port Kembla, südlech vu Sydney, nees verloosse muss, huet déi lokal Police nach Beweiser geséchert: et gëtt nämlech géint d’Reederei ermëttelt, nodeems e puer honnerte Corona-Infektioune festgestallt goufen. Et besteet de Verdacht, dass Carnival Australia Informatiounen iwwert d’Gesondheetssituatioun u Bord zeréckgehalen hätt. Dobäi goufen ënnert anerem d’Blackback matgeholl.
D’Beamte vun der Police si mat Schutzkostümer an Otemschutzmasken u Bord gaangen, fir no Beweiser ze sichen. No e puer Wochen op Séi huet d’Croisièresschëff missen zu Port Kembla stoe bleiwen, fir Membere vun der Crew medezinesch behandelen a schwéierkrank Patienten u Land bréngen ze loossen.
Trotz enger Partie Corona-Verdachtsfäll duerften déi ronn 2.700 Passagéier scho Mëtt Mäerz d’Schëff verloossen. Déi australesch Regierung hat der “Ruby Princess” eng Autorisatioun fir unzeleeë ginn, an och d’Gäscht kruten erlaabt, d’Schëff ze verloossen.
Am Ganze si 15 vun alle Croisière-Participanten un der Infektioun gestuerwen, wat ronn een Drëttel vun allen Doudesaffer an Australien ass.
Net méi wéi 10 Deeg dierf d’Schëff am Hafe stoe bleiwen. Soubal den Tank nees voll ass an de Stock opgefëllt gouf, muss sech d’"Ruby Princess” nees op de Wee maachen.
