
D’Diskussiounsplattform Reddit klot géint d’Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 16 Joer an Australien. Wéi et aus de Geriichtsdokumenter e Freideg ervirgeet, stellt d’US-Entreprise d’Gültegkeet vum Gesetz am Allgemengen a Fro a fuerdert iwwerdeem eng Ausnam fir Reddit, wéi et se scho fir verschidden aner Online-Netzwierker gëtt.
Reddit fuerdert, datt den Ieweschte Geriichtshaff déi nei Reegel kippt, well dës géint “d’Fräiheet vun der politescher Kommunikatioun” verstousse géing. Donieft wier déi australesch Regierung net konsequent gewiescht beim Festleeën, wéi eng Online-Plattforme vun der gesetzlech virgeschriwwener Alterslimitatioun betraff sinn.
Aktuell ginn et Ausname fir ënnert anerem WhatsApp, Pinterest a Roblox. D’Regierung hat allerdéngs betount, datt d’Lëscht vun de betraffene Plattforme weiderhi géing evaluéiert ginn.
Reddit huet iwwerdeem op dateschutzrechtlech Bedenke wéinst der néideger Iwwerpréiwung vum Alter vun de User higewisen. Vun der Regierung zu Canberra heescht et, si stéing “op der Säit vun den australeschen Elteren a Kanner, net op där vun de Plattformen”. “Mir wäerte weiderhin decisiv virgoen, fir jonk Australier viru Schied duerch sozial Medien ze schützen”, heescht et weider.
Viru Reddit hat de leschte Mount schonn eng Organisatioun fir Fräiheetsrechter am Internet eng Klo géint d’Gesetz agereecht. Dës gesäit an der Altersgrenz en “ongerechten” Agrëff an d’Recht op fräi Meenung.
Betraff vun der Reform sinn ënnert anerem Tiktok, Snapchat, Instagram, d’Streaming-App Twitch, d’Plattform X oder d’Video-Plattform Youtube. D’Bedreiwer vun de Plattformen droen dem entspriechende Gesetz no d’Responsabilitéit, déi richteg Konten ze läschen. De Plattformen dreeë Geldstrofen an Héicht vun ëmgerechent 27 Milliounen Euro, wa si keng “adequat Mesuren” fir d’Anhale vun de Virschrëften ergräifen.