
An Australien ass e Mëttwoch e Gesetz a Kraaft getrueden, wat d’Notze vu Soziale Medie fir Kanner a Jonker ënner 16 Joer verbitt. Ee Gesetz wat fir vill Diskussioune suergt: Op der enger Säit gëtt gefaart, datt déi Jonk an d’Isolatioun rutschen, op der anerer Säit gëtt ëmmer méi däitlech, wéi schiedlech Instagram a Co fir d’Entwécklung vun de Kanner ka sinn, an datt een déi Jonk dofir besser schütze muss.
Kéint et an Zukunft och zu Lëtzebuerg zu esou engem Gesetz kommen? Et wieren Diskussiounen amgaangen, seet eis déi delegéiert CSV Medie-Ministesch Elisabeth Margue: “Zu Lëtzebuerg hu mer en Aarbechtsgrupp agesat tëscht deene kompetente Ministeren an dëser Matière an am Moment ass et esou, datt mer am Fong eng europäesch Léisung ënnerstëtzen, well mer der Meenung sinn, datt eng europäesch Léisung vill méi Jonker gläichzäiteg schützt an déi Jonk och d’selwecht schützt, ob se zu Lëtzebuerg sinn oder iwwert d’Grenz fueren a well mer natierlech och der Meenung sinn, datt esou eng Léisung méi einfach ëmzesetzen ass mat de Plattformen.”
Et géife sech allerdéngs och nach eng Rei Froe stellen: Virop, vu wéi engem Alter un esou ee Verbuet kéint gëllen. An natierlech och, wéi dës Altersgrenz soll kontrolléiert ginn. Alles dat soll also och mat den Europäesche Partner diskutéiert ginn.