
E Méindeg sollen nach emol honnerte Leit op eng aner Plaz kommen, heescht et op der Staatstelé.
De griichesche Verdeedegungsminister huet ënnerstrach, datt d’Zuel vun de Flüchtlingen, déi aus der Tierkei kommen, d’Dimensioun vun enger nationaler Kris kritt.
Am Abrëll war d’Zuel vun de Mënschen, déi a Campen op verschiddenen Insele musse liewen op 14.000 zeréckgaangen, ma eleng am August hunn dem UNO Flüchtlingswierk no iwwer 8.000 Leit a Griichenland Schutz gesicht.
OP den Inselen an der Ägäis sinn elo eng 30.000 Migranten. Dat sinn der esou vill wéi nach ni, zënter den de Flüchtlingspakt tëscht der EU an der Tierkei am Mäerz 2016 a Kraaft getrueden ass.