Éisträich an DänemarkRestriktioune ginn no Ouschtere lues a lues méi labber

RTL Lëtzebuerg
Éisträich war dat éischt europäescht Land, wat verschidde Corona-Mesuren nees réckgängeg mécht.
© AFP

E Méindeg de Moien huet de Kanzler Sebastian Kurz zu Wien annoncéiert, datt d’Restriktioune no Ouschtere lues a lues méi labber gemaach ginn. Kleng Butteker, sou wéi Baumäert a Gaardegeschäfter sollen ënner strengen Oploen nees kënnen opmaachen. D’Geschäfter däerfe maximal 400 Quadratmeter Verkafsfläch hunn an et gëtt eng Masken-Obligatioun.

Als Datum gëtt de 14. Abrëll ugepeilt.

Vu Mee un dierften dann all d’Geschäfter an och Coifferen nees opmaachen. Fir d’Hotellerie an d’Restauratioun géif d’Situatioun weider evaluéiert ginn, heescht et. Hei kéint et Mëtt Mee etappeweis nees lassgoen.

D’Ausgangs-Limitatioune fir d’Leit sollen iwwerdeems bis Enn Abrëll verlängert ginn. An Éisträich gëtt et gutt 12.000 nogewise Corona-Fäll. An de leschten Deeg war d’Zuel vun den Neiinfektioune réckleefeg.

Dänemark huet um Méindeg den Owend annoncéiert, datt een och no Ouschteren en éischte Schratt wëll maachen, fir d’Mesure méi labber ze maachen. Crèchen, Spillschoulen an déi ënnescht Joergäng an der Grondschoul solle Mëtt Abrëll nees opgemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO