Normalen ZyklusRisegen Äisbierg huet sech an der Antarktis lassgeléist

RTL Lëtzebuerg
Um Südpol ass ee groussen Äisbierg mat enger Fläch vun iwwer 1.600 Quadratkilometer ofgebrach, ongeféier sou grouss wéi déi ganz Stad London.
© AFP-Archiv

Experten no ass et Deel vum normalen Zyklus vum Äis.

Wéi et heescht, hätt sech de Bierg d’lescht Woch e Mëttwoch am Oste vun der Antarktis lassgeléist. Dëst Phänomen ass den Experten no net op de Klimawandel zeréck ze féieren, mä Deel vum engem normalen Zyklus. All 60 bis 70 Joer kéint een an der Antarktis sou ee Phänomen gesinn. Den Äisbierg mam offiziellen Numm D-28 läit tëscht zwou australesche Fuerschungsstatiounen. Et war schonn zanter e puer Joer domat gerechent ginn, dass en sech vum Rescht vun der Äisfläch géif lass léisen. Fir d’lescht war an de Joren 1963/64 sou ee groussen Äisbierg ofgebrach.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO