
De laangjärege Staatschef war uganks September am Alter vu 95 Joer gestuerwen. Bis zum Schluss hate seng Famill an d’Regierung vu sengem Nofolger doriwwer gestridden, wou säi Graf sollt hikommen. D’Regierung wollt hien um Helde-Kierfecht zu Harare bäisetzen, ma d’Famill wollt, dass hien e Graf a sengem Heemechtsduerf kritt.
D’Trauerfeier fir de Mugabe war scho Mëtt September. Dee fréiere Fräiheetskämpfer hat sech fir d’Onofhängegkeet vu sengem Land vun der Kolonialmuecht Groussbritannien am Joer 1980 agesat. Fir d’éischt war hie Regierungschef a gouf 1987 President. Am Joer 2017 gouf hie gestierzt. Déi lescht Joren huet hien en autoritäre Regimm gefouert.