
Viru gutt 3 Méint war de Virus nach zimlech onbekannt...elo hu sech annerhallef Millioune Mënschen ugestach – dat sinn déi nogewisen Ustiechunge vun der Johns-Hopkins-Uni an den USA.
Iwwer 88'500 Mënsche ginn als Corona-Doudeger bezeechent.
Déi meescht Infektioune gëtt et an den USA, méi wéi 432'000.
Dono kënnt Spuenien mat ronn 150'000 Infektiounen. An Italien sinn et der 140'000. Do hannendru komme Frankräich, Däitschland, China an den Iran.
Am schlëmmsten ass aktuell Spuenien betraff, mat 30 Doudegen op 100'000 Awunner. An Italien sinn et der 28. An den USA 3,9 an an Däitschland 2,4.
An den USA ass et den zweeten Dag hannerteneen, dass ronn 2.000 Patienten um Coronavirus stierwen.
