Politesch KrisRumänesche President proposéiert neie Regierungschef

AFP, iwwersat vun RTL
Matte wärend der politescher Kris a Rumänien huet de President Nicusor Dan fir eng drëtte Kéier en neie Regierungschef nominéiert.
Den Nicusor Dan ass zanter 2025 rumänesche President.
© ALEX NICODIM/Anadolu via AFP

De Pro-Europäer Dan huet en Donneschdeg den Europadeputéierte Siegfried Muresan vun der liberal-konservativer Partei PNL als neie Ministerpresidente proposéiert. "Hien huet Erfarung am Europaparlament, hien huet am Laf vun der Zäit wichteg Saachen ausgehandelt, dowéinst huet hie fir dëse Posten déi néideg Expertise", sou de Staatschef.

De 44 Joer ale Muresan, Vizepresident vun der Europäescher Vollekspartei (EVP), muss sech elo just nach d'Zoustëmmung vun 233 vun de 464 Deputéierten am rumänesche Parlament sécheren. Geschitt dat net, kéint et a Rumänien virgezunnen Neiwale ginn. An Ëmfroe läit den Ament d'rietsradikal Partei AUR vir.

D'Parlament zu Bukarest hat am Mee per Mësstrauensvott dofir gesuergt, dass de pro-europäesche Regierungschef Ilie Bolojan säi Posten opginn hat. De Mount virdru waren d'Sozialdemokraten aus der Regierungskoalitioun ausgetrueden, nodeems dem Bolojan seng Regierung eng Rei vun onpopuläre Moossname wéi Steiererhéijungen decidéiert hat.

Fir d'éischt wollt den EU-Deputéierten Eugen Tomac neie Regierungschef ginn, huet seng Kandidatur awer nees zeréckgezunn. Dono hat de President Dan Mëtt Juni de liberal-konservative Politiker Adrian Vestea nominéiert. Dësen hat keng gréng Luucht vum Parlament kritt, am Virfeld hat him seng eege Partei d'Ënnerstëtzung entzunn.

Back to Top
CIM LOGO