
Am Grenzgebitt tëscht der Ukrain a Polen ass e Sonndeg e Passagéierzuch vu Kiew op Warschau vun enger russescher Dron getraff ginn. Dëst huet den zoustännege polneschen Zuchbedreiwer PKP Intercity matgedeelt.
Gläichzäiteg hunn d'Ukrain a Polen confirméiert, dass bei dësem Ugrëff keng Persoun blesséiert gouf. Am Zuch waren 206 Passagéier.
De President vun der Ukrain, de Wolodymyr Selenskyj, huet de russeschen Ugrëff als bewosst Aktioun bezeechent. Hien huet Moskau virgeworf, de Zuch gezielt attackéiert ze hunn.
Wéi den däitsche Magasinn Spiegel bericht gouf et nach en zweeten Tëschefall ronn zwee Kilometer vun der Grenz ewech: Hei gouf e privat-gecharterte Sonderzuch, an deem ënner anerem en enke Beroder vum däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, de Günter Sautter, an den Ex-Premier vu Groussbritannien Boris Johnson souwéi den däitsche Gréngen-Deputéierte Robin Wagener ënnerwee waren, deelweis evakuéiert, nodeems och do Dronen ugegraff haten.
D'Delegatioun war fir Gespréicher zu Kiew.
De Robin Wagener huet op X geschriwwen, Russland géif ëmmer méi eskaléieren an d'Situatioun géif kritesch ginn. Hien huet och e Video vum Dronenugrëff op den Zuch Kiew-Warschau gedeelt a betount: "Haut de Moie sinn ech op där selwechter Streck gefuer, wou dësen Ugrëff war."
Heiansdo géing einfach den Zoufall entscheeden, "ob ee sécher duerch kënnt".
De Robin Wagener huet weider geschriwwen, Russland wier eng enorm Gefor fir d'Sécherheet vun Europa, wat nach vill ze wéineg Leit am Westen erkannt hätten.