
An der Peripherie ronderëm d’Haaptstad halen deels uerg Kämpf tëscht russeschen an ukraineschen Truppen weider un.
Och Charkiv war nees vu Loftattacke viséiert Op d’mannst 8 Zivilisten, dorënner zwee Kanner wieren den ukraineschen Autoritéiten no dobäi ëmkomm.
Den ukraineschen President Selenskyj huet an engem neie Video-Message dervu geschwat, dass ëmmer méi russesch Zaldote gefaange geholl ginn. Vill vun deene géife sech erginn, well se net wéissten, firwat se eigentlech kämpfen.

De Kreml huet iwwerdeems déi westlech Reaktiounen aus de leschten Deeg kommentéiert. De Vize-Ausseminister schwätzt vun enger wirtschaftlecher a politescher Attack géint Russland, déi hires gläiche sicht. De Westen hätt ouni Hemmungen a souguer wansinneg d’Ukrain mat Waffen, Equipement a Kommunikatiounsmëttel beliwwert. De Westen hätt Russland mat senge Sécherheetsbedenken net nogelauschtert. Parallel wéilt Russland awer eng Dier oploosse fir den Dialog, sou de Kreml-Vertrieder.
D’Verhandlungen tëscht der Ukrain a Russland sollen um Donneschdeg weidergoen. Béid Säite gesi sech nees op enger geheimer Plaz, an der Regioun Brest, am Weste vu Belarus, un der Grenz zu Polen. Eng éischt Ronn e Méindeg hat jo näischt erginn.
D’Ukrainer hate vu Gespréicher geschwat, déi éischter sollten op Kapitulatiounsverhandlungen erauslafe wéi op Friddensgespréicher. Eng Wafferou steet elo mol am Raum, och wa Russland esou enger wuel just ënner secke Konditioune wäert zoustëmmen.
Den internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag huet e Mëttwoch den Owend wësse gedoen, dass et eng offiziell Enquête gëtt wéinst méigleche Krichsverbriechen an der Ukrain.
39 Länner géifen dat ënnerstëtzen an et géif plausibel Grënn ginn unzehuelen, dass et schonn zanter 2014 presuméiert Krichsverbriechen an der Ukrain gouf, déi zum majoritären Deel vu Russe gemaach goufen, sou de Chef-Enquêteur an Holland.
Passend dozou steet d’Kritik dass Russland Streebommen iwwer Wunngebidder den Ament soll asetzen. Dat géife Munitiounsreschter beleeën, déi ënnert anerem zu Charkiw séchergestallt goufen. Streebomme sinn u sech zanter 2010 ënnert UNO-Memberlänner verbueden. Russland hat deen Traité awer net mat ënnerschriwwen, wéi iwwregens och d’USA, China an Indien net.

De franséische President Macron fuerdert wéinst der russescher Aggressioun op d’Ukrain eng besser europäesch Verdeedegungs-Politik. Dat sot hien e Mëttwoch den Owend an enger Televisioun-Usprooch.
D’nächst Woch wëll een dat op den Ordre du jour vun engem informellen EU-Sommet zu Versailles setzen. Europa kéint bei senger Defense an och bei der Energieversuergung net weiderhin ofhängeg bleiwen, sou de Macron.
D’EU-Immigratiouns gesi sech um Donneschdeg zu Bréissel, fir iwwert dat ze schwätzen, wat d’Ukrainkris onweigerlech mat sech bréngt: Nämlech eng riseg Flüchtlingswell vun Ukrainer, déi aus dem Krich wëllen eraus. Der UNO no wiere schonn eng Millioun Leit geflücht. D’EU wëll unanime hëllefen an huet schonns Direktiven aktivéiert, fir d’ukrainesch Staatsbierger, déi heihinner flüchten, ze protegéieren. De Jean Asselborn ass fir Lëtzebuerg um Conseil mat derbäi, wou een och eng Video-Schaltung mat der ukrainescher Regierung wäert hunn.