Coronavirus weltwäitSachsen féiert Mondschutz-Flicht an, Spuenien beklot ronn 19.500 Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
Wärend an Däitschland dat normaalt Liewen lues a lues zeréckkënnt, geet d'Zuel vun Doudesaffer am Iran a Russland däitlech an d'Luucht.

An Däitschland goufen et bis ewell iwwer 4.000 Doudesfäll. Dat huet ntv gemellt a berifft sech op offiziell Zuele vun de Bundeslänner. 136.528 Mënschen hätte sech mam Coronavirus ugestach, insgesamt gëlle 77.000 Patienten als geheelt. Donieft gouf e Freideg a Sachsen decidéiert, d’Maskeflicht am Commerce an den ëffentlechen Transporter anzeféieren. Domat ass Sachsen dat éischt Bundesland, an deem e Mondschutz obligatoresch gëtt, Mecklenburg-Vorpommern ass e Freideg den Owend nogezunn.

Um franséische Fligerschëff Charles de Gaulle hu sech 940 vun 2.300 Matrousen mam Coronavirus infizéiert. Alleguerten d’Crew-Membere wäre getest ginn, huet et vun enger Responsabel geheescht. 645 Tester sinn negativ ausgefall, 940 positiv. Vun deenen aneren Tester sinn nach keng Resultater bekannt.

Der spuenescher Regierung no si bis ewell bal 19.500 Leit um Covid-19 gestuerwen: dat huet de Gesondheetsministère e Freideg an der Mëttesstonn matgedeelt. An de leschte 24 Stonne wäre 585 Affer ze bekloe gewiescht. Verschidde spuenesch Regioune stellen d’national Zuelen awer a Fro. Si mengen, dass weider dausende Leit d’Infektioun net iwwerlieft hunn.

Vun de schwedeschen Autoritéiten heescht et, dass een d’Testkapazitéite wéilt erhéijen. Ënnert anerem Polizisten, Pompjeeën, Mënsche mat staarke Symptomer a Mataarbechter aus dem Gesondheetswiese sollen an den nächste Woche getest ginn. D’Kapazitéite solle vu 50.000 Tester op 100.000 Stéck d’Woch eropgesat ginn.

A Russland klëmmt d’Zuel un Nei-Infektioune konstant. Eleng Moskau mellt iwwer 16.000 Covid-19-Patienten, wat iwwert d’Hallschecht vun alle confirméierte Fäll ass. Wéinst der Corona-Pandemie gëlle vum 1. Mee un Ausgangsspären zu Moskau. Vum Ufank vun der Kris u goufen a Russland 1,7 Milliounen Tester duerchgefouert.

89 weider Persoune sinn e Freideg am Iran um Coronavirus gestuerwen. Wéi de Spriecher vum Gesondheetsminister matgedeelt huet, wier d’Zuel un Doudegen op 4.958 geklommen.

An der japanescher Haaptstad Tokio goufe bannent 24 Stonnen iwwer 2.700 Nei-Infizéierunge gemellt. Den Noutstand gouf am ganze Land ausgeruff. D’Bierger si gebieden, doheem ze bleiwen, fir d’Ausbreede vum Virus anzedämmen.

14 Doudesfäll manner wéi en Donneschdeg huet Groussbritannien ze bekloen. 847 Corona-Patiente si bannent de leschte 24 Stonnen un der Longekrankheet gestuerwen. D’Zuel un Doudesaffer läit op der brittescher Insel bei 14.576, knapp 109.000 positiv Fäll goufe bis ewell confirméiert. En Donneschdeg gouf decidéiert, d’Ausgangsspär ëm 3 Wochen ze verlängeren.

Dem US-President Donald Trump no ass d’Zuel vun de chineseschen Doudesaffer duerch de Covid-19 wäit méi héich wéi am offizielle Bilan vu Peking steet. Déi Zuel léich och wäit iwwert där vun den Doudegen an de Vereenegte Staaten. De jéngste chinesesche Bilan schwätzt vun eppes iwwer 4.600 Doudesaffer, dee vun den USA vun iwwer 33.000 Doudegen.

Een Zéngtel vun alle confirméierte Fäll an Italien schafft am Gesondheetswiesen. Knapp 17.000 Mataarbechter hu sech bannent de leschte Wochen mam Coronavirus infizéiert. 43% vun hinne sinn Infirmieren oder Hiewanen, ee Fënneftel vun de Kranke sinn Dokteren an een Zéngtel schafft am medezinesch-soziale Beräich.

Back to Top
CIM LOGO