Etüd AntikierperSanta Clara: Wuel 50 Mol méi Leit mat Coronavirus infizéiert

Monica Camposeo
Zu Santa Clara a Kalifornien waren zu deem Ament 1.000 Leit positiv getest, ma d'Fuerscher rechnen mat 48.000 bis 81.000 Infizéierten.
© AFP

Am kaliforneschen Silicon Valley huet eng Studie mat Antikierper-Tester erginn, dass 50 Mol méi Mënsche mam Coronavirus infizéiert waren oder et nach sinn, wéi offiziell gezielt gouf.

Fuerscher vun der Stanford University hunn iwwert e soziaalt Netzwierk eng 3.300 Fräiwëlleger rekrutéiert an hiert Blutt op Antikierper géint de Coronavirus getest. Dës Date loossen dorop schléissen, dass an der Géigend vu Santa Clara, wou dës Tester duerchgefouert goufen, tëscht 48.000 an 81.000 Mënschen infizéiert sinn oder d’Krankheet schonn iwwerstanen hunn.

Dat erklären d’Auteure vun der Etüd. Offiziell gemellt waren zu deem Zäitpunkt nëmmen eng 1.000 Fäll.

D’Antikierper am Blutt géingen dann och beweisen, dass den Immunsystem géint de Virus kämpft, och wann de Patient keng oder nëmme wéineg Symptomer opweist. Iwwerall op der Welt ginn et den Ament esou Tester.

Ma och zu Lëtzebuerg soll jo un engem representativen Echantillon vu 1.500 Leit duerch Antikierper- a Virus- Tester gekuckt ginn, wéi grouss d’Immunitéit géint de COVID-19 schonn zu Lëtzebuerg ass.

Back to Top
CIM LOGO