IrakSchonn 28 Doudeger no Protester, 1'500 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
D'Fuerderunge si legitimme, sou d'Regierung am Irak. Zanter Deeg gi rose Bierger op d'Strooss fir géint Korruptioun a Mësswirtschaft ze protestéieren.

D’Regierung wier drëms beméit eng Léisung ze fannen, mä et géif keng Zauberformel ginn, fir all d’Problemer an de Grëff ze kréien, sot de Premier Adel Abdel Mahdi en Donneschdeg op der Staatstelevisioun.

Hien huet Demonstranten opgefuerdert dofir ze suergen, dass friddlech Protester net am Chaos endegen. Zanter dem Ufank vun de Protester en Dënschdeg koume schonn 28 Mënschen ëm d’Liewen. Bal 1.500 goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO