
An der Arcelor-Mittal-Schmelz vun Taranto am Süde vun Italien gëtt et e weidere Covid-19-Verdachtsfall: Dat mellen e Méindeg de Mëtten italienesch Medien.
Den eventuell Betraffenen hätt e Samschden normal geschafft a wär dono heemgaangen; sollt d’Krankheet bei him confirméiert ginn, wär et den 3. Covid-19-Fall an der fréierer Ilva-Schmelz.
D’Direktioun huet decidéiert, dass d’Aarbechtskolleegen, déi mam Mann zesumme geschafft hunn, doheem bleiwe sollen.