WeltgesondheetsorganisatiounSech ustieche geschitt elo éischter doheem wéi an der Strooss, sou ee WHO-Expert
Den Expert seet, datt well d'Leit weltwäit missten doheem bleiwen, géif sech d'Infizéierungs-Gefor vun der Strooss op d'Doheem verlageren.
Verëffentlecht: 30.03.20 20:31, Update: 31.03.20 07:15
Dofir missten d'Leit weltwäit an Zukunft strikt hir Gesondheet am A behalen.
Confirméiert Fäll missten isoléiert ginn. Familljememberen, déi sech kéinten ugestach hunn, missten ënner Quarantän bleiwen.
Nëmmen da géing een iwwer Exit-Strategien nodenken.