Terrorattack an AfghanistanSechs Doudeger bei Attentat op Jongeschoul zu Kabul

RTL Lëtzebuerg
Bei zwou Bommenexplosioune sinn op d'mannst sechs Persounen ëm d'Liewe komm, eelef weiderer goufe blesséiert.
© AFP/Wakil Kohsar

En Dënschdeg si bei zwou Bommenexplosiounen an enger Schoul fir Jongen an der afghanescher Haaptstad Kabul op d’mannst sechs Persoune gestuerwen, eelef weiderer goufe blesséiert. Dës Zuele sinn awer nach virleefeg, wéi e Policespriecher betount huet.

D’Bomme sinn explodéiert, ewéi d’Schüler moies aus dem Cours koumen. D’Schoul läit an engem Quartier, an deem virun allem Membere vun der schiitescher Hasara-Minoritéit liewen. D’Hasara sinn ëmmer rëm Affer vun Attacken duerch d’Terrororganisatioun Islamesche Staat (IS). An engem englesche Sproochenzentrum am selwechte Quartier ass en drëtte Sprengsaz detonéiert, fir d’éischt hat et geheescht, déi dräi Explosioune wieren alleguer an der Jongeschoul gewiescht.

Zënter d’Taliban am August un d’Muecht koumen, sinn d’Attacke vum IS op ëffentlech Ziler zwar zréckgaangen, den IS ass awer nach ëmmer am ganze Land aktiv.

Back to Top
CIM LOGO