Verhandlungen zu MiamiSelenskyj schwätzt vu Fortschrëtter, Russland wëll Informatiounen als éischt analyséieren

AFP
RTL Lëtzebuerg
Zu Miami hunn d'Vertrieder vu Russland an der Ukrain net matenee geschwat. Si hate ganz ënnerschiddlech Missiounen an den USA.
Wärend d'Verhandlungen an den USA lafen, geet de Krich fir d'Leit an der Ukrain (hei an der Stad Druzhkivka) weider.
Wärend d’Verhandlungen an den USA lafen, geet de Krich fir d’Leit an der Ukrain (hei an der Stad Druzhkivka) weider.
© DIEGO HERRERA CARCEDO/Anadolu via AFP

Russland hat jo de Kirill Dmitrev, e Beroder vum Wladimir Putin, op Miami geschéckt. Seng Missioun war et awer net, fir un den Negociatiounen direkt deelzehuelen, ma fir déi neisten Informatiounen no de Gespréicher tëscht den USA, der Ukrain an europäesche Vertrieder ze kréien an déi zeréck mat op Moskau ze huelen. Dat huet de Kremlspriecher Dmitry Peskov géintiwwer der russescher Press gesot. De Dmitrev hätt och keng Neiegkeete vu Moskau matbruecht, well dat net zu senger Missioun gehéiert huet.

Et gëtt sech erwaart, datt d’Ukrain am Géigenzuch zu Sécherheetsgarantie vun den USA Deeler vu sengem Territoire kéint ofginn. Dëst ass awer aktuell reng Spekulatioun, well bis ewell näischt driwwer gewosst ass, wat am Shell Bay Luxury Golf Club, deen dem Steve Witkoff, engem fréiere Geschäftspartner vum Donald Trump gehéiert, beschwat gouf.

Anescht, wéi een et nach e Samschdeg vermutt hat, gouf et keng direkt Gespréicher tëscht de Vertrieder vun den zwou Krichsparteien. Och wa si sech béid am selwechte Golfclub opgehalen hunn, gouf et just bilateral Gespréicher mat den USA. De Kreml hat kuerz virdrun sech dogéint ausgeschwat, sech mat den Ukrainer ze treffen.

Den ukrainesche President Selenskyj huet vu “konstruktive” Gespréicher geschwat an et géif een “nawell séier” virukommen. Villes géif awer elo doru leien, ob Russland den Enn vum Krich elo wierklech wéilt. “Leider sinn déi aktuell Signaler, déi vu Russland kommen, just negativ. Attacken un der Front, russesch Krichsverbriechen an de Regiounen un der Grenz an ëmmer nees Attacken op eis Infrastruktur,” esou de Selenskyj op X.

Kënnt et zu engem Putin-Macron Gespréich?

Den Dimitry Peskow huet weider ugedeit, datt de Wladimir Putin ugedeit hätt, datt hie mam Emmanuel Macron telefonéiere wéilt. Béid Presidenten hate jo grad am Ufank vum Krich an der Ukrain méi dacks mateneen telefonéiert. Aus dem Büro vum franséische President huet et geheescht, datt een dëse Schratt géif begréissen. Frankräich huet awer direkt drop higewisen, datt dës Gespréicher a voller Transparenz géintiwwer den europäesche Partner an dem Wolodymyr Selenskyj géifen ofgehale ginn.

Ufank der Woch hat de Macron jo gesot, datt hien der Meenung wier, datt Europa nees mam Putin sollt schwätzen an déi Roll net eleng bei den Amerikaner soll loossen. Vill europäesch Staats- a Regierungscheffe sinn aktuell der Meenung, datt Russland expandéiere wëll, grad mam Bléck op d’Sabotage, d’Cyberattacken a Verletzunge vum Loftraum. Moskau, datt am Februar 2022 an d’Ukrain agefall ass, wërft Europa wier, de Krich virundreiwen ze wëllen. Dat Europa un de Friddensgespréicher deelhëlt, géif dës just behënneren, esou de Kreml weider.


Back to Top
CIM LOGO