
Wéi d’Noriichtenagence AFP matdeelt, huet de Spriecher vum vun der Hamas kontrolléiertem Gesondheetsministère, den Aschraf al-Kudra, vun engem “Massaker” geschwat, bei deem 104 Mënschen ëmbruecht an iwwer 750 blesséiert goufen.
Bei der Arrivée vun de Camione mat Hëllefsgidder fir d’Gazasträif war um fréien Donneschdegmoien eng Mënschemass zesummekomm. Den Hamas-Autoritéiten no hunn israeelesch Zaldoten, déi de Konvoi schütze sollten, op d’Mënsche geschoss, déi den Transporter entgéint gestiermt koumen.
Aus Israel goufen d’Schëss confirméiert. Dat mat der Begrënnung, datt d’Zaldote geschoss hätten, well si dovun ausgoungen, datt vun der Mënschemass “eng Gefor” fir d’Camione géing ausgoen.
Engem Porte-parole vum Ministerpresident Benjamin Netanjahu no wiere vill vun den Doudesaffer vun de Camionen zerdréckt ginn. “D’Hëllefstransporter goufen iwwerwältegt vu Mënschen, déi se ausraibere wollten, an d’Chauffere sinn duerch d’Mass gefuer, an hu schliisslech Dosende Mënschen ëmbruecht”, esou de Spriecher Avi Hyman.
Wéi en Aenzeien der AFP géigeniwwer erzielt huet, wieren d’Camionen ze no u verschidde Panzer komm, wéi d’Mënschemass dunn a Richtung Transporter gelaf ass, hätten d’Zaldote geschoss, well “d’Mënschen de Panzer ze no koumen”.
Wéinst de schlëmmen Zeenen an der Stad Gaza kënnt de Weltsécherheetsrot nach en Donneschdeg den Owend hanner zouenen Dieren zesummen. Bis ewell konnten d’Zuelen un Doudesaffer a Blesséierten awer nach net onofhängeg iwwerpréift ginn.
D’USA hunn en Donneschdeg op de schreckleche Virfall reagéiert a betount, datt een déi israeelesch Regierung zu “Äntwerten dränge” wéilt. Ausserdeem géing een, sou e Spriecher vum US-Ausseministère, eng Enquête iwwer d’Dot genee suivéieren.
Och d’Vereent Natioune verurteelen de Virfall ganz kloer. “Déi verzweiwelt Zivilisten a Gaza brauchen dréngend Hëllef, och déi am belagerten Norden, wou d’Vereenten Natiounen zanter iwwer enger Woch keng Hëllef leeschte konnten”, huet den UN-Generalsekretär António Guterres erkläert.
D’UN fuerderen eng Enquête, fir eraus ze fannen, wat wierklech zu Gaza City geschitt ass. “Wat eis betrëfft, wësse mir net genee, wat passéiert ass an ob Mënschen duerch israeelesch Schëss getraff goufen a gestuerwe sinn, ob si vun enger Mënschemass erofgedréckt goufen oder ob si vu Camionen iwwerrannt goufen”, heescht et vum Spriecher vum UN-Generalsekretär, dem Stephane Dujarric. Zum Zäitpunkt vum déidleche Virfall wiere keng Mataarbechter vun den UN op der Plaz gewiescht, wouduerch een net all d’Fakte kenne géing an et doriwwer eraus ënnerschiddlech Aussoe gëtt.
RTL-News: Sëllegen Doudesaffer a Blesséierter bei Arrivée vun Hëllefskonvoi a Gazasträif