Iranesch Aktivistin am InterviewShabnam Madadzadeh: "D'Populatioun wëll hir Regierunge selwer wielen"

Pierre Jans
Tim Morizet
D'Shabnam Madadzadeh, déi selwer wéinst hirer Oppositioun géint den iranesche Regimm agespaart gouf, verlaangt vun der Lëtzebuerger Regierung diplomateschen Drock.
Iranesch Aktivistin am Interview
Shabnam Madadzadeh: “D’Populatioun wëll hir Regierunge selwer wielen”

“D‘Iranerinnen an Iraner wëlle keng Diktatur méi” seet d‘Shabnam Madadzadeh. D‘Aktivistin ass am politeschen Exil an der Schwäiz a setzt sech vun do aus an Europa fir d‘Fräiheet vum iranesche Vollek an.

Am Interview mat RTL erkläert si, firwat d‘Iraner op d‘Strooss ginn a wéi Europa si ënnerstëtze kann.

Shabnam Madadzadeh: “Populatioun wëll hir Regierunge selwer wielen”

Et geet de Manifestanten net méi ëm Reformen. Iwwer dee Punkt wäre si laang eraus, erkläert d’Shabnam Madadzadeh, déi selwer virun iwwer 16 Joer wéinst hirer Oppositioun géint de Regimm agespaart gouf. Spéitstens elo géingen d’Leit op d’Strooss goen, fir den autoritäre Regimm ze stierzen. Sollt dat geléngen, wéilt d‘Populatioun net nees de Retour vum Shah, engem Kinnek, nee, se wéilt d’Demokratie, esou d’Aktivistin.

“Gläichheet tëscht de Geschlechter, Meenungsfräiheet, déi selwecht Rechter fir all d‘ethnesch Gruppen. A si wëll hir Regierungen selwer wielen. Si wëllen net nees een ewéi e Souverän, e Kinnek, oder esou.”

De Mullah-Regimm weist op der Staats-Tëlee Manifestatiounen, déi d’Regierung ënnerstëtzen. Op der Strooss awer gesäit d’Realitéit anescht aus. Dës Protester, esou déi iranesch Aktivistin, wieren anescht ewéi déi virdrun: “Mir hunn dës Opstänn schonn 2017, 19 an 22 gesinn. Des Kéier schaffen d’Leit awer méi zesummen. Et si méi Leit déi op d’Stroosse ginn, well se mierken, datt de Regimm esou schwaach ass ewéi nach ni. Dem Chamenei säi Regimm huet wichteg Alliéiert am Libanon a Syrie verluer.”

D’Iraner bréichte keng westlech Waffen a keng Suen. Och eng méiglech militäresch Interventioun vun den USA gesäit d’Shabnam Madadzadeh kritesch. Si verlaangt ënnert anerem vun der Lëtzebuerger Regierung diplomateschen Drock.

“D‘Islamesch Revolutiounsgarden, déi zum repressive Staatsapparat gehéiere géingen, als terroristesch Organisatioun klasséieren an d’EU froen, iranesch Ambassaden zouzemaachen”, esou Shabnam Madadzadeh. De Lëtzebuerger Ausseminister seet bis ewell dat hei:

“Gewalt a Repressioun géint friddlech Demonstranten sinn einfach net z‘akzeptéieren. Dat weist d‘Brutalitéit awer gläichzäiteg och d‘Fragilitéit vum Regimm. Mir hunn eis als EU kloer zu 27 géint Gewalt ausgeschwat.”

Dat Vollek kämpft, struewelt awer soulaang den Accès op den Internet gespaart ass.

“Well mir net méi connectéiert sinn ënnerteneen, wësse mir net, a wéi enge Stied et Opstänn ginn. Sou kënne mir eis och net géigesäiteg Courage maachen. Den Internet ass gespaart awer och den Telefonsreseau läit brooch.”, esou d’Shabnam Madadzadeh, déi drun erënnert, dass honnerte Familljen scho Memberen an dëser neier Protestwell verluer hunn. Aus dem Exil géif si u si denken. an dru gleewen, dass dëse brutale Regimm elo gestierzt ka ginn.

Back to Top
CIM LOGO