SteierenSinglen zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend däitlech méi besteiert wéi wou anescht

Romain Van Dyck
Zu Lëtzebuerg, a Frankräich, an Däitschland a virun allem an der Belsch bezuele Celibatairë gepeffert Steieren, constatéiert d'OCDE.
© Shutterstock

D’Singelen, d’Mëllechkéi vum Staat?

D’Kritik, déi een dacks héiert, trëfft och op d’Länner vun der Groussregioun zou. D’Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OCDE) huet rezent nei Zuelen zu de Lounsteiere publizéiert. Op der 1. Plaz, déi een hei net onbedéngt wëll hunn, stinn eis belsch Noperen.

Konkret weist dës Ranglëscht d’Steierbelaaschtung (Steieren + sozial Kotisatiounen) vun de Steierzueler hisiichtlech der Zesummesetzung vun hirem Haushalt. Hei dann d’Resultater vun 2021 fir Celibatairen ouni Kanner:

  • Belsch: D’Steierzueler hunn 52,6 Prozent vun hirem Akommes un de Staat ofginn (1. Plaz)
  • Däitschland: D’Steierzueler hunn 48,1 Prozent vun hirem Akommes un de Staat ofginn (2. Plaz)
  • Frankräich: D’Steierzueler hunn 47 Prozent vun hirem Akommes un de Staat ofginn (4. Plaz)
  • Lëtzebuerg: D’Steierzueler hunn 40,2 Prozent vun hirem Akommes un de Staat ofginn (13. Plaz)

Am Verglach: An den OCDE-Länner läit d’Steierlaascht am Duerchschnëtt bei 34,6 Prozent.

D’Covid-Pandemie huet net gehollef

Eleng vun 2020 op 2021 ass d’Steierlaascht zu Lëtzebuerg ëm 0,7 Prozent geklommen. Am Joer 2020 stoung Lëtzebuerg nach op Plaz 15 vun dësem Klassement.

No enger Baisse 2020 ass d’Besteierung vun der Aarbecht an Zweedrëttel vun den OCDE-Länner 2021 rëm an d’Luucht gaangen. D’Rechnung vun der Gesondheetskris am zweete Joer vun der Covid-19-Pandemie ass sécher net ganz onschëlleg un dëser “Upassung”, déi vun de Steierzueler bezuelt gëtt.

Lëtzebuerg stécht hei eraus: et ass nämlech dat Land vum OCDE, wou de “coin fiscal” fir den duerchschnëttlechen elengstoende Salarié tëscht 2019 an 2021 am meeschte geklommen ass. Dësen Indicateur berechent d’Differenz tëscht den Aarbechtskäschte vum Employeur an den entspriechenden Undeel um Nettoloun no Steiere vum Employé.

Am Joer 2021 huet sech dësen “coin fiscal”, dee bei 40,2 Prozent louch, esou zesummegesat:

  • Akommessteier: (17,23 Prozent)
  • Cotisations Salariales (10,82 Prozent)
  • Cotisations Patronales (12,16 Prozent)

© OCDE

Famille komme vill besser ewech

Et ass kee Geheimnis, dass verschidden Haushaltskonstellatiounen zu Lëtzebuerg steierlech besser ewechkommen. D’Zuele vun der OCDE schwätze fir sech:

  • Fir Famillen, wou déi zwee Eltere schaffe ginn an 2 Kanner hunn, läit d’Steierlaascht bei 34 Prozent (Den Duerchschnëtt bei OCDE läit bei 31,2 Prozent).
  • Fir Famillen, wou een Elterendeel schaffe geet an 2 Kanner hunn, läit d’Steierlaascht bei 19,7 Prozent (Den Duerchschnëtt bei OCDE läit bei 24,6 Prozent).

Et kann een awer festhalen, dass een zu Lëtzebuerg weiderhin, wat d’Steieren ugeet, besser ewechkënnt wéi an den Nopeschlänner.

© OCDE

De Sujet Steiergerechtegkeet bleift an der aktueller Regierung awer eng waarm Gromper, obwuel versprach gouf, en neien a méi gerechte Steierbarem anzeféieren. De Projet krut duerch d’Pandemie awer Verspéidung. “Mir si weiderhin dovun iwwerzeegt, dass eng grouss Steierreform noutwenneg ass, och wann se net direkt realiséiert ka ginn.”, huet de Premier Xavier Bettel a senger Ried zu der Lag vun der Natioun verséchert. D’Reform wäert viraussiichtlech net virun 2023 ofgeschloss sinn.

Hei fannt Dir e Faktencheck vum RTL 5minutes zu de Versprieche vum Premierminister Xavier Bettel.

Back to Top
CIM LOGO