
Et misst een domadder rechnen, datt d’Kapazitéiten net duer ginn, seet de Lothar Wieler an der “Frankfurter Allgemeinen Zeitung”. Zoustänn wéi an Italien wieren och an Däitschland méiglech, well een och an der Bundesrepublik muss domadder rechnen, datt een zu engem Moment méi Patiente wäert hunn, wéi Beootmungsgeräter.