
D’Schanke louchen ënnert dem Grondstéck vun enger Villa, déi dem Moderator vu “Wer wird Millionär” gehéiert, an där hien zesumme mam Chefkach Tim Raue e Restaurant leet.
Wéi d’Potsdamer Police matgedeelt huet, goufen nieft de Schanke verraschten eidel Patrounen entdeckt. D’Ermëttlungen hätten erginn, dass den Doudege warscheinlech e russeschen Zaldot aus dem Zweete Weltkrich war.
