Am Exil geschriwwenSnowden verëffentlecht Buch mam Titel "Permanent Record"

RTL Lëtzebuerg
De fréieren amerikanesche Geheimdéngschtmataarbechter Edward Snowden publizéiert um Dënschdeg seng Memoiren. D'Buch huet den Titel "Permanent Record".

De Snowden huet seng Memoiren am russeschen Exil geschriwwen. Hien erzielt heiranner wéi et dozou koum, dass hien déi massiv Iwwerwaachungspraktiken vum amerikanesche Geheimdéngscht an hirem ganzen Ausmooss devoiléiert huet. No senger Publikatioun vun Dausende vu geheimen Dokumenter war den Edward Snowden 2013 iwwer Hongkong a Russland geflücht, wou hien zanterhier lieft. An Interviewen sot de fréiere Geheimdéngschtmataarbechter, dass hie gär an engem anere Land géif Asyl kréien, zum Beispill an Däitschland oder Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO