Et ass schwéier, den Iwwerbléck ze behalen, mä et ginn nei Weichen an der US-Politik gestallt. Am amerikanesche Kongress ginn all zwee Joer eng ganz Rei Sëtz zur Wal gestallt.
Fir den Joe Biden sinn dës Wale kruzial. D’Republikaner kéinten am Fall vun enger Victoire am Representantenhaus an am Senat de President blockéieren, hien zu enger sougenannter “Lame Duck” maachen. An deem Fall kéinten d’Demokraten déi nächst zwee Joer hir Politik net weider ëmsetzen a wichteg Poste kéinten net nei besat ginn.
Am Representantenhaus hunn d’Demokrate vum President Biden aktuell eng kleng Majoritéit vun 8 Sëtz a sinn och en Dënschdeg Favorit. Se kënne sech hirer Saach awer bei wäitem net sécher sinn.
Et ginn e puer interessant Dueller. Sou zum Beispill d’Demokratin Peltola, déi bei enger Tëschewal am Alaska am August géint d’Sarah Palin, déi ratéiert Kandidatin fir d’US-Vizepresidentschaft, gewonnen huet. En Duell, dat d’US-Medie faszinéiert.
De Senat huet zu Washington eng wichteg Kontrollfunktioun iwwert den US-President a ka villes blockéieren. Hei gëtt en Drëttel vun de Mandater erneiert an et deit sech eng serréiert Course un. Besonnesch am Pennsylvania, am Georgia oder am Arizona, déi zu de sougenannte “Swing States” zielen, dierft et enk ginn. Um Enn kéint eng vu béide Parteien eng Majoritéit vun nëmmen engem Sëtz hunn.
A 36 Bundesstaate ginn d’Gouverneure nei gewielt. Haaptsujete vun der Wal sinn d’Wirtschaft, den Avortement an d’Demokratie.
De Walkampf huet iwwerdeems kloer gewisen, dass dat politescht Klima an den USA sech zënter de Presidentielle virun 2 Joer weider radikaliséiert huet. Den Donald Trump huet den Toun net geännert: “Déi radikal Demokrate wëllen Amerika an e kommunistescht Kuba oder e sozialistescht Venezuela transforméieren. An der Republikanescher Partei si mir ons es eens, datt Amerika ni e sozialistescht Land wäert ginn.”
Op der Säit vun den Demokraten hu sech mam Bill Clinton a mam Barak Obama 2 fréier Presidenten an de Walkampf agemëscht, fir dem Joe Biden de Réck ze stäipen. Woubäi de Barak Obama en dréngenden Appell fir d’Verdeedegung vun der Demokratie lancéiert huet. Hie géif verstoen, dass dës den Ament net d’Haaptprioritéit vu ville Mënsche wier, déi sech Suerge maache géifen, wéi si hir Rechnunge bezuele kéinten. Ma wann d’Demokratie verschwanne géif, géif dat dozou féieren, dass Mënsche géife blesséiert ginn. Dat hätt een an der Geschicht a ronderëm d’Welt gesinn.
Eng Victoire vun de Republikaner bei de Midterms, kéint dem Donald Trump als Sprangbriet déngen, fir trotz all senge Skandaler bei de Presidentiellen am Joer 2024 unzetrieden. “Fir Wuelstand a Sécherheet am Land, muss ech et wuel nach eng Kéier maachen, bléift um Ball.” Mat dëse Wierder hat hie sech u seng Supporter geriicht.
Bis de leschte Samschden hate scho 36 Milliounen Amerikaner hir Stëmmziedelen ofginn. Gerechent gëtt mat enger - fir d’Midterms - ganz héijer Walbedeelegung vun iwwer 50%. Dat bei Walen, déi duerch e Klima vu Mësstrauen a Verschwierung gepräägt sinn.
An de Walbüroe sinn d’Sécherheetsmesuren drastesch verschäerft ginn, aus Angscht virun Aktioune vun Trump-Supporter, wéi viru bal 2 Joer am Kapitol.