
De Carsten L. war beim däitsche Geheimdéngscht jorelaang Chef vum Service, dee fir d’Iwwerwaachung vun der internationaler Telefon-, Satelitten- an Internetkommunikatioun zoustänneg war. Kuerz viru senger Festnam, gouf hie Responsabele fir déi bannenzegst Sécherheet vum BND.
Hien a säi presuméierte Kompliz, de Geschäftsmann Arthur E. kréie reprochéiert, mat Hëllef vun engem russesche Geschäftsmann, dee mëttlerweil ënnergedaucht ass, däitsch Staatsgeheimnisser u Russland verkaf ze hunn. De Carsten L. huet sech zanter senger Festnam am Dezember zejoert selwer net zum Virworf geäussert.
Wéi déi däitsch Medie mellen, soll de Generalbundesanwalt déi 2 Männer wéinst Landesverrot an engem besonnesch schwéiere Fall ukloen. Am Fall vun enger Verurteelung, dreet hinnen eng liewenslänglech Prisongsstrof. Dat zoustännegt Berliner Geriicht, muss d’Uklo allerdéngs nach zouloossen.