ThüringenSprengsätz mat opgemooltem Hakekräiz bei Gare fonnt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg hat e Passant op enger Gare zu Straußfurt bei Erfurt zwee Sprengsätz fonnt, op deenen e Hakekräiz opgemoolt waren. D'Ermëttlunge lafen.
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER

Nodeems de Passant d’Police kontaktéiert hat, huet dës e Groussasaz declenchéiert. Wéinst dem opgemoolten Hakekräiz ass d’Police vu politesch motivéierter Kriminalitéit ausgaangen. D’Gare gouf ofgespaart an ee vun de Sprengsätz gouf kontrolléiert gesprengt. Den anere gouf entschäerft. Béid ware funktiounsfäeg.

Wie d’Sprengsätz deponéiert huet a firwat, ass bis ewell net kloer, d’Police geet allerdéngs vun engem lokalen Täter aus, vue datt den Inhalt net professionell zesummegebaut gouf.

Back to Top
CIM LOGO