6 Wochen ware se zum Deel an enke Wunnengen agespaart.
Just nach eenzel Erwuessener konnte kuerz mam Hond eraus, akafen oder schaffe goen. Sechs Woche laang war op de Stroosse kee Kand méi ze gesinn.
D’Zuele vun neie Corona-Infektiounen an Doudege waren ufanks rasant geklommen, d’Noriichten aus den iwwerfuerderte Klinicken an Altersheemer hunn d’Leit schockéiert. Ma ugangs Abrëll hate sech déi Zuele stabiliséiert a falen zanterhier liicht. No an no hu sech dunn och Elteren zu Wuert gemellt.
Mëtt Abrëll huet d‘Buergermeeschtesch vu Barcelona op Facebook geklot, d’Gesondheet an d‘Entwécklung vun hiren, ma och vun all den anere Kanner géing ze vill ënnert dem Hausarrest leiden. Si bräichte Beweegung un der frëscher Loft. Vill Leit hu se dofir gelueft, anerer schaarf kritiséiert.
Eng 10 Deeg méi spéit duerfe Kanner ënnert 14 Joer eng Stonn den Dag eraus. Mat engem Erwuessenen, an engem Ëmkrees vun engem Kilometer ronderëm d‘Haus an natierlech gëllt: Sécherheetsofstand. Bei aktuell ronn 230.000 offizielle Fäll an 23.000 Doudege fannen dat knapps 40% vun de Spuenier ze geféierlech. Eng éischt Vergläichsetüd weist dogéint, dat d’spuenesch Kanner méi Verhalensproblemer an Angschtzoustänn wéi hir italienesch Kolleegen opweisen. Ma net jiddereen erlieft d’Situatioun d’selwecht.
Iwwer 70% vun de Spuenier liewen dogéint an dacks klenge Wunnengen, net jiddereen huet een Haff oder och nëmmen ee klenge Balcon. Normalerweis spillt sech vill vum Liewen op der Strooss of. Um Sonndeg huet du kee Kand beim Spadséiere gejéimert: ‘ech si midd, ass et nach wäit?’ Wéi och zu Lëtzebuerg feelt hinnen awer virun allem de Kontakt mat de Kolleegen.

Vun dësem Samschdeg un dierfen dann och déi Erwuesse fir e bësse Sport oder Spadséiergäng nees virun d’Dier. Eng grouss Erliichterung, ma vill Suerge bleiwen. Virun allem op ekonomeschem Plang, wou ee sech knapps vun der Kris vun 2008 erholl hat.
An der Géigend vu Barcelona ass zwar vill Industrie, ma eleng de Tourismus ass fir 15% vum spuenesche PIB verantwortlech, a ronderëm d’Mëttelmier fir en Drëttel vun den Aarbechtsplazen. Kee weess, wéi et weidergeet a vill Hoteliere fäerten, dat d’ganz Saison der Pandemie zum Affer fält.
