BordeauxSträit ëm Asaz vu Pestiziden am Wäibaugebitt

RTL Lëtzebuerg
Am franséische Wäibaugebitt Bordeaux ass e Sträit iwwer den Asaz vu Pestiziden entstanen.
© AFP

Dës Produite géifen net nëmmen an de Riewen, mä och a Spuren am berühmten Roude landen. D’Sympathisante vum Wäin si veronséchert, grad ewéi d’Awunner aus der Géigend. D’Wënzer dogéint fäerten ëm hir Recolten, wa se net sprëtzen. Schädlingen a Krankheete maachen hinne Suergen.

D’ARD-Tagesthemen hunn iwwert en Intresseveräin vu Géigner vun de Pestiziden bericht. Deen huet Prouwe maache gelooss. An alle 15 Prouwe vu Bordeaux-Wäiner goufe Réckstänn vu Pestizide fonnt, dorënner och eng verbuede Substanz.

D’Wäiproduzente reagéieren op d’Kritik. Bis 2025 soll den Asaz vu Planzeschutzmëttelen hei ëm d’Halschent reduzéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO