Den éischte Fall gouf et schonn den 23. Januar, den Ament ginn et 423 Fäll, insgesamt waren et der 802. E Sonndeg ass déi 3. Persoun gestuerwen. D’Grenze sinn zënter e Méindeg zou, an der Hoffnung e komplette Lockdown kënnen ze evitéieren. Allerdéngs kommen nach all Dag vill Staatsbierger zeréck op d Insel, a mat hinnen de Virus, dofir ginn dës automatesch 14 Deeg an Quarantän, an Luxus-Hoteler. Wéi funktionéiert de flattening the curve zu Singapur?
Op der ganzer Welt iwwerschloe sech Dag fir Dag Nouvellen, datt ëmmer méi Mënsche sech mam Covid19 ustiechen. Eng Rei südostasiatesch Länner, an direkter Noperschaft mat China, goufe schonn am Januar mat éischte Corona-Infizéierte confrontéiert, an hu missen reagéieren. An do schénge se d’Saach iergendwéi besser am Greff ze hunn.
Déi sougenannten „4 kleng Draachen“: Hong Kong, Taiwan, Südkorea a Singapur hunn d’Pandemie zënter Méint vergläichsweis erstaunlech gutt am Greff. Nawell stierwen och do Leit, mä wäitaus manner wéi op de meeschten anere Plazen op der Welt. Um Beispill vu Singapur weise mer am Reportage, wéi de klengen Inselstaat d’Kris ronderëm de Virus ugeet. Wéi eng Mesure goufen direkt getraff, a wou si se haut drun? De Kampf géint de Corona ass nämlech och do nach net eriwwer, gouf awer ganz anescht ugepaakt wéi bei eis.
Keng allgemeng Ausgangsspär, dofir awer strikt Reegelen an héich Protokoller, respektiv Prisongsstrofen, wann ee sech net u seng Quarantän hält. Schoulen, Akafszenteren a Restauranten hu mat Restriktiounen zu dësem Zäitpunkt nach op. Wéi een déi Pandemie zu Singapur als Lëtzebuergerin erlieft erzielt d’Isabel Galiano. Den éischte Fall gouf et virun 9 Wochen, den Ament ginn et eng 423 aktiv Fäll an 3 Doudeger. Fir Si ass et virop de Verdéngscht vun der detailléierter Aarbecht vum Retracéiere vun alle Kontakter, déi Infizéierter mat anere Leit an de Woche virum Ausbroch vun der Krankheet haten, an dann natierlech och d’Experienz, déi d’Land aus SARS gezunn huet.
Singapur ass 4 mol méi kleng wéi Lëtzebuerg an huet 10 mol souvill Awunner. D’WHO huet de klengen Inselstaat fir hier Virgoensweis géint d’Verbreedung vum Virus gelueft.