ItalienStrikt Corona-Oploe ginn ufanks Mee zeréckgeschrauft

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Ministerpresident Giuseppe Conte e Sonndeg den Owend an der italienescher Haaptstad annoncéiert.

Vum 4. Mee u sollen d’Bierger méi Beweegungsfräiheet kréien, esou heescht et vu Roum. Deemno soll et vun dësem Ament nees méiglech sinn, fir beispillsweis dobaussen enger sportlecher Aktivitéit nozegoen.

Et bleift allerdéngs verbuede sech iwwer gréisser Distanzen ze deplacéieren. De Lockdown an Italien géif dann och net méi verlängert ginn, sou nach de Conte. De Schued fir de soziale Beräich an d’italienesch Ekonomie géif einfach ze grouss ginn, wann d’Mesure fir eng nei Verlängerung vum Confinement géif huelen.

D’Gastronomie bleift iwwerdeems awer nach zou. An och d’Schoule sollen an Italien viraussiichtlech bis an de September eran zou bleiwen.

Italien zielt jo zu deene Länner op der Welt, déi am stäerkste vun der Pandemie ronderëm de Covid-19 getraff goufen. Zanter dem 10. Mäerz gëllen dofir strikt Oploen, fir d’Verbreede vum Coronavirus sou gutt et geet anzedämmen.

Back to Top
CIM LOGO