
Ma och 2020 muss de berüümte Chrëschtmaart ausfale wéinst den héijen Infektiounszuelen. Déi 300 traditionell Stänn ginn dëst Joer net opgeriicht, huet d’Buergermeeschtesch Jeanne Barseghian en Donneschdeg erkläert. Déi héchste Corona-Alarmstuf gouf nämlech iwwerschratt.
All Joer zitt de Chrëschtmaart ronn 2 Millioune Visiteuren un a bréngt der Wirtschaft ëm 250 Milliounen Euro an.
Ugangs Oktober haten d’Autoritéiten nach gehofft, dass een e kéint mat bestëmmten Hygiène-Mesuren op d’Bee stellen. Well d’Infektiounszuelen antëscht awer a Frankräich explodéiert sinn, hunn dësen an och aner Chrëschtmäert missen ofgesot ginn.
