Ukrain-KrichGrouss Stroumausfäll op der Krim no ukraineschen Attacken

RTL mat AFP
Russeschen Donnéeën no ass duerch ukrainesch Ugrëffer op déi besaten Hallefinsel Krim op ville Plazen de Stroum ausgefall.
Mat Hëllef vun Dronen huet d'Ukrain op der Krim fir vill Stroumausfäll gesuergt.
Mat Hëllef vun Dronen huet d'Ukrain op der Krim fir vill Stroumausfäll gesuergt.
© GENYA SAVILOV/AFP

De russeschen Energieministère huet e Mëttwoch erkläert, d'Ukrain hätt an der Nuecht Energieinfrastrukturen op der Krim attackéiert, wat zu wäite Stroumausfäll gefouert hätt. Et géif dru geschafft ginn, schrëttweis d'Netz erëm un d'Goen ze kréien.

De Ministère huet keng genee Zuele genannt fir d'Gebitt, an deem méi wéi 2,5 Millioune Leit liewen. Déi 2014 vu Russland annektéiert Krim um Schwaarze Mier gëtt reegelméisseg vun der Ukrain ugegraff. Kiew schwätzt vu Revanche-Aktioune fir russeschen Attacken. Schonn am Oktober war et op der Krim zu Waasser- a Stroumausfäll komm.

D'Ukrain gehäit Russland vir, bei Loftattacke reegelméisseg déi ukrainesch Energieinfrastrukturen unzegräifen. Wärend d'Temperaturen ëmmer méi falen, sinn doduerch vill Ukrainer ouni Stroum fir ze hëtzen.

Back to Top
CIM LOGO